Dës Säit enthält eng kuerz Zesummefaassung vun den Informatiounen di dier op eisem Internetsite fannen kënnt.
Leider kënnen mer am Moment keng lëtzebuergesch Versioun vun allen Säiten ubidden. Wann dier Froen hutt, kënnt der eis gaeren en E-mail op Däitsch/Franséisch/Englesch oder Lëtzebuergesch schécken op info@swingdance.lu.

Eise Veräin

Swing Dance Luxembourg ass eng ASBL dei sech op Dänz vun der Swing Era spezialiséiert huet. Mir bidden Kueren an Workshoppen un, an organiseiren Danzowender an aner Evenementer zou Lëtzebuerg.
Well mer en multi-nationalen an villsproochegen Veräin sinn, dee bedriwwen gëtt vun Swing-Amateuren, ginn eis Kuren an Workshopen op Englesch gehalen, fir en meiglescht breeden Public unzeschwätzen.

Danzkueren

Eis verschidden 10-Wochen Danzkueren bestinn aus enger Kombinatioun vun Lindy Hop an Charleston. Fir eis Ufaengerkueren brauch een keng Danzerfahrung ze hun. Zousätzlech zou eisen Ufaengerkueren bidden mer verschidden aner Kueren un, fir Dänzer dei den Unfaengerkuer hannert sech hun an déi mei leieren wëllen. All Kueren ginn draimol d’Joer ugebueden, an faenken ongefeier am Januar, Abrell an am September un.

Workshoppen

Mir organiséieren regelméisseg Workshopen déi sech op Lindy Hop an Charleston fokusséieren. Des Workshoppen fannen normalerweis de Weekend statt. Meeschtens bestinn dei aus 4 Stonnen Kuer pro Daag an enger Swingdanz-party am Owend. D’Intensitéit vun de Workshoppen huet sech an der Vergaangenheet bewaehrt fir den Danz séier an einfach ze leieren.
Zousaetzlech bidden mer och heiansdo Workshoppen fir aner Swingdaenz un, sou zB Balboa oder Blues. Des Workshoppen sin geweinlech un Ufaenger vun desen bestemmten Daenz geriicht.

Danzowender

Mir organiséieren regelméissegen Danzowenter. Am Summer wann d’Wieder et erlaabt, danzen mer dobaussen, hannert der Philharmonie um Kierchbierg. An aneren Kéieren, danzen mer am Scott’s Pub am Gronn. Am Scott’s, fënnt gewéinlech um Ufank vum Owend eng 30-minueteg Introduktioun vum Danz fir Ufänger statt.

Dei verschidden Dänz

De Kär vun eisem Club mëscht den Lindy Hop aus. Gebuer op de Stroossen vun Harlem zou New York a Verbindung mam Savoy Ballroom an den spéiden 1920eger Joren, gouf den Lindy Hop bekannt als den originalen Swingdanz and gëtt warscheinlich mat der Bezeechnung “Jazzdanz an der Koppel” am beschten beschriwwen. D’Haerz vum Danz ass d’Improvisatioun – du spills, du improviséiers, du syncopeiers. Trotzdem huet den Danz och eng Struktur mat Grondschrett, Beweegungen an Figuren, dei als Basis fir d’Innovatioun dengen.

Zousätzlech zum Lindy Hop bidden mer och den Charleston un. Den Charleston ass en Danz deen populär gouf an den 1920eger Joren, während der Jazz Era. Den Charleston kann een eleng, an der Koppel danzen oder am Grupp. Et ginn vill Variatiounen vum Danz, de Grondschrett besteet awer aus Beenstéiss an d’Aerm ronderëm dréinen.